Zinglibook - Natur an Ëmwelt Band 1 Zinglibook - Natur an Ëmwelt Band 1
Book 1 - Zinglibook

Zinglibook - Natur an Ëmwelt Band 1

    • 9,99 €
    • 9,99 €

Publisher Description

Interaktivt eBook mat méi ewéi 20 lëtzebuerger Kannerlidder, Spréchelcher, Dänz, Karaoke, Nouten an Texter a klenge Filmercher ronderëm d’Themen: Natur an Ëmwelt. Mat Toun a Video!


Aus „Zinglabumm“ gëtt elo "Zinglibook"!


Den „Zinglabumm“ ass net méi aus de Familljen, de Schoulen, de Crèchen an de Maisons - Relaisen, ewechzedenken. Scho vill Kanner an Erwuessener hu mat Freed déi traditionell an déi nei Lidder aus den Zinglabumme matgesongen. 


Wéinst där grousser Nofro vun den Elteren, de Grousselteren, dem Schoulpersonal an den Educateuren, huet den INECC zesumme mam Zinglabumm-Team decidéiert, nei „digital“ Weeër ze goen, an esou eis wäertvoll musikalesch an textlech Kulturgidder  z'erhalen. 


An anere Wierder, mir notzen d'Méiglechkeete vun der moderner, digitaler Technik a bréngen eis Lidder, Spréchelcher an Dänz mat den Texter, den Nouten an de Playbacken als eBook eraus an dat gläich an 2 verschiddene Bänner ronderëm d'Thema „Natur an Ëmwelt“. 


Mir wënschen iech vill Spaass op ärer Entdeckungsrees an déi nei „digital Welt“ vum Zinglibook!

  • GENRE
    Kids
    RELEASED
    2017
    15 June
    LANGUAGE
    LB
    Luxembourgish
    LENGTH
    38
    Pages
    PUBLISHER
    INECC Luxembourg
    SIZE
    90.6
    MB

    More Books by Zinglabumm-Team

    Other Books in This Series