Muhna Lisa
oder: Den Dram vum Fléien
-
- 5,49 €
-
- 5,49 €
Publisher Description
- Lëtzebuerger Versioun / Version auf luxemburgisch -
Bei der Muhna Lisa an der Wiss ass ni eppes lass an d'Liewen ass sou langweileg. Dann dreemen d'Kéi vu sou flotte Sachen, déi een am Liewe sou mache kéinnt. An dann enges Daags ass d'Chance vum Liewen do… an d'Muhna Lisa kann endlech eemol vum Buedem ofhiewen.
Wat dee léiwe Muhbäizi zesumme mat deem klenge roude Villchen do alles erliewt, wëlle mer natierlech net schonn hei verroden, dat solle jo déi kleng Kanner an deem Buch, wat vum Renée Weber ganz faarweg illustréiert gouf, selwer gewuer ginn.
Se wäerte begeeschtert sinn, well déi Geschicht von der Kou, déi mam Ballon flitt, esou spannend ass an dem Renée Weber seng Biller esou flott gemoolt sinn.
Customer Reviews
Super
Dëst d'Buch ass jidderengem ze empfielen. Et meescht immensen Spaass am interaktiven Buch ze bliederen an sech di flott Geschicht vun Renée Weber virgelies ze kréien.
Also kennt dir et roueg kaafen!
Muhna Lisa
Eng flott a lëschteg Geschicht.
Voller witziger Iddien an Animatiounen.
Fir déi kleng Kanner ass et immens flott datt d'Geschicht och viiirgelies gëtt.
Nëmmen ze rekommandéieren!
Wonnerbart Kannerbuch!
Et ass einfach e supert Buch um iPad, matt villen Animatiounen, flotten Funktiounen wei den iPad z.B. neigen an et gett vum Renée Weber virgelies! Ganz flott dass et elo och soueppes fir Kanner op Lëtzebuergesch gëtt!