• $9.99

Publisher Description

De Julien zitt aus der Stad op d’Land an eng al Schmëdd, déi hie selwer renovéiert. Lues a lues faasst hie Fouss am Duerf. Well d’Leit matkritt hunn, datt hie Schrëftsteller ass, ginn si him ongefrot den Optrag, dem Jos, engem aarmen Däiwel, seng Geschicht ze recherchéieren an doriwwer ze schreiwen. De Julien entdeckt dobäi sou munches, wat besser net un d’Liicht kënnt. Iwwerhaapt huet de Julien e Faibel fir d’Däischtert, deem en sech schwéier erwiere kann. Bis hien d’Lisa begéint an decidéiert, datt dat ophale misst...


De Gast Groeber (1960*) ass 2010 fir d’éischte Kéier publizéiert ginn. Seng éischt 6 Bicher hunn et allkéiers op d’Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt, 2014 huet hien dee gewonnen an 2019 krut hien de Coup de cœur vum Jury. 2016 gouf hie mam European Union Prize for Literature ausgezeechent.

GENRE
Fiction & Literature
RELEASED
2021
November 20
LANGUAGE
LB
Luxembourgish
LENGTH
208
Pages
PUBLISHER
Op der Lay s.à r.l.
SELLER
Op der Lay
SIZE
2.1
MB

More Books by Gast Groeber