Sou wéi et net war
-
- 109,00 kr
-
- 109,00 kr
Utgivarens beskrivning
Claudine Muno • Sou wéi et net war
D’Leit si sech eens, dass nëmmen ee vun de Bridder et wäert zu eppes bréngen. Am Moment wier et am séchersten, säi Geld op de Simon ze wetten. Hien ass Sportler an e gudde Schüler an hie weess dat Bescht aus deem Wéinegen ze maachen, wat d’Liewen him an d’Hand gedréckt huet. Hie weess sech ze hëllefen, a wann et muss sinn, hëlleft hien och nach all deenen aneren. D’Leit si sech eens, dass et mat engem vun de Bridder kéint schif ausgoen.
Am Moment gesäit et esou aus, wéi wann dat misst de Panda sinn. Hien huet eréischt 8 Joer, dofir kann een nach net ganz sécher sinn, mee wahrscheinlech ass et schonn.
D’Claudine Muno (*1979) schafft haaptberufflech als Chargée d’éducation fir Musik a Schreiwen an engem Lycée. Säin éischt Buch „The Moon of the Big Winds“ huet hatt mat 16 Joer geschriwwen. Zënterhier huet hatt haaptsächlech Romaner verëffentlecht, op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, ënner anerem „frigo” (Prix Servais 2004). Hire leschte Roman „Komm net kräischen” krut 2016 de Lëtzebuerger Buchpräis. Dernieft schreift hatt och Lidder a mécht Musik eleng oder mat verschiddene Bands, wéi The Luna Boots oder Monophona.